Elisabeth Margue | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
7. Abrëll 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Jongelycée, London School of Economics, Universitéit Panthéon-Assas, Universitéit Panthéon-Sorbonne |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | CSV |
![]() |
D'Elisabeth Margue, gebuer de 7. Abrëll 1990 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass si Justizministesch an Delegéiert Ministesch fir Kommunikatioun a Meedien, souwéi fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Frieden-Bettel.[2]